Dir sidd am héijen Alter oder hutt eng chronesch Krankheet, déi iech „ufälleg“ géigeniwwer dem Coronavirus mécht ? Dir kënnt aus dësem Grond net méi akafe goen an Dir hutt kee fir dat an Ärer Plaz ze maachen?

Mir si jonk, gesond an hunn Zäit (well d’Schoulen elo zou sinn). Dofir kënne mir Iech hëllefen!

Mir kënnen Är Kommissioune maachen a bréngen Iech se heem, natierlech gratis, zum Beispill:

• Liewensmëttel akafen

• Hygiènesartikele kafen

• Medikamenter an der Apdikt besuergen (mat Ordonnance vum Dokter)

Wann Dir eis Hëllef braucht, da sot eis einfach Bescheed, um Telefon:

+352 621 402 860 oder ba@kaerjeng.lgs.lu